Jump to content

Wikidata:WikiProjeten

Shortcut: WD:WP
From Wikidata
This page is a translated version of the page Wikidata:WikiProjects and the translation is 100% complete.


Aktuell WikiProjeten op Wikidata

Et goufen eng ganz Rëtsch WikiProjeten an d'Liewe geruff. Déi follgend Lëscht faasst se all zesummen a léisst sech bis op déi eenzel WikiProjeten opklappen:

E WikiProjet uleeën

Wann Dir an der Lëscht hei driwwer kee WikiProjet gesitt, deen Ären Interessen entsprécht oder dee sech mat engem Beräich vu Wikidata beschäftegt, an deem Dir matschaffe wëllt, dann zéckt net fir een neien z'initiéieren!


Fir WikiProjeten ze kategoriséieren, benotzt passend Ënnerkategorië vun der Form Category:Geographical WikiProjects (fir WikiProjects France, WikiProject Rivers a sou weider) oder Category:Sports WikiProjects (fir WikiProjects Baseball, WikiProjects Basketball a sou weider) – net Category:WikiProjects Geography oder Category:WikiProjects Sports.

Wann Dir en neie WikiProjet virschloe wëllt (amplaz selwer een unzeleeën), zéckt net fir dat op d'Diskussiounssäit ze schreiwen.

Bei engem WikiProjet matmaachen

Jidderee mat engem Kont ka bei engem besteeënde WikiProjet matmaachen. All WikiProjet kann eng Lëscht vu Participanten op enger Ënnersäit „Participants“ hunn, déi et méiglech mécht fir all déi opgelëscht Participantë mat {{Ping project}} unzepingen. D'Nimm vun de Benotzer, déi fir méi wéi dräi Joer inaktiv waren (oder fir méi wéi ee Joer, wann op der Lëscht méi wéi 45 Nimm stinn), kënnen op eng Ënnersäit „Participants/Inactive“, déi uewen op der Säit verlinkt ass, geréckelt ginn; wann dir Benotzernimm op d'„Inaktiv“-Ënnersäit réckelt, pingt se wgl. am Resümmee vun der Ännerung oder schéckt hinnen e Message op hir Benotzerdiskussiounssäit.

Donnéeën iwwer WikiProjeten an alle Wikimedia-Projeten

Wikidata huet och strukturéiert Donnéeën iwwer WikiProjeten an anere Wikimedia-Projete wéi z. B. der Wikipedia op Englesch. Dir kënnt dës Donnéeën zum Beispill ënner Wikidata:List of WikiProjects exploréieren.